30 Klasse mat méi wéi 2300 Observatiounen – dat ass de Bilan vum Hello Spring 2022-2023!

A Collaboratioun mam Script an zesumme mam Naturmusée, organiséiert d'ABIOL dëst Joër eng weider Editioun vum Hello Spring Projet. Mir géifen eis freeën sou vill wéi méiglech Schüler:inne vu 7ème mat u Bord ze hunn an ëm d'Fréijoreszait an d'Natur ze schécken.

An deem Kontext gëtt och de 09te Januar eng Formatioun continue ugebueden (IFEN-Link).