Léif Member vun der ABIOL

hei nach 2 interessant Initiativen :
 
Natur a Stied an Dierfer:
 
Am Kader vun der Aktioun “Natur elo! organiséiert den Oekozenter Pafendall / Mouvement Ecologique zesumme mat enger Réi Ministèren an dem Syvicol eng Serie Konferenze wéi méi “Natur an eis Stied an Dierfer” kréien. Vu Februar bis Mee 2021 wäerten heizou Themen wéi: Beem an den Uertschaften, Fassadebegréngung, Dachbegréngung, Reewaassermanagement, etc mat unerkannte Referente virgestallt ginn. D’Webinaren sinn ëmmer Donneschdes vu 17h-19h.
 
Optakt-Seminar ass en Donneschden, de 25. Februar 2021.  De Flyer mat allen Detailer fannt der hei.
 
 
E nohaltegt Ernierungssystem fir Lëtzebuerg: 
 
Weiderhin huet eise laangjärege Member Francis Schartz am Numm vun der asbl INFINO - Initiativ fir Nohaltegkeet gefrot fir Reklamm fir eng interessant Online-Konferenz mam Thema: Für ein resilientes und nachhaltiges Ernährungssystem für Luxemburg ze maachen. Och grad virum Hannergrond vun der momentaner Kris, awer och den aktuellen Diskussiounen iwwer d’Ausriichtung vun der Agrarpolitik (GAP) hei am Land, den Ausschreiwungen fir ëffentlech Kantinnen asw., ass et wichteg elo déi richteg Weichen ze stellen fir den Ernierungssystem hei am Land nohalteg opzestellen an ze gestalten. 
 
Des Konferenz ass Dënschdes, den 9. März 2021 vu 17h30-19h30. 
 
An der Hoffnung Iech zahlreich bei dëse Veranstaltungen ze begéinen …