Den mouvement écologique lueden Iech häerzlech an op hier Online-Konferenz mam Tjards Wendebourg, Auteur vum Buch „Der Kies muss weg! Gegen die Verschotterung unserer Vorgärten“.

Wéini:                 Mëttwoch, den 10. Februar um 18.30 Auer. 
Wou:                   online via Zoom
Umeldung:          per e-mail op 
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.. Dir kritt de Link, iwwert deen Dir Iech zouschalte kënnt den Dag selwer geschéckt.
Sprooch:              Däitsch mat simultaner Iwwersetzung op franséisch.

A sengem Virtrag wäert den Diplom Agraringenieur-Gartenbau a Redakteur vun enger ganzer Rei Fachzäitschrëften, net just drop agoe firwat mir eis als Gesellschaft, Gemengen an/oder Propriétaire géint esou „Schottergäert“ entscheede sollten, ma hie weist och Alternativen op déi wierklech einfach am Ënnerhalt sinn a gläichzäiteg der Aartevillfalt zegutt kommen.

Hien wäert och drop agoen, wéi d’Gemenge virgoe kënne fir géint d’Ausbreedung vun dëse „Schottergäert“ virzegoen.

Natierlech ass och Zäit virgesinn, fir dass Dir Äre Froen an Umierkungen abrénge kënnt.

Weider Informatiounen fannt der hei an der Invitatioun.

0
0
0
s2sdefault
powered by social2s