Communiqué de l’ABIOL, de l’ACHIL et de l’APHYL


 

 concernant la réforme de l’enseignement secondaire

 

Communiqué

Abiol-Info 2/2008
ABIOL-INFO

2 / 2008

 
Léif Memberen
Op dësem Infoblat fannt dir en neie Logo, dee mir, am Kader vun enger « Mini-Entreprise », vu Schüler aus dem LCE ausschaffe gelooss hunn an Iech als neie Logo fir d’ABIOL wëlle proposéieren. Ausserdeem fannt Dir interessant Informatiounen a Proposen fir Sortien a mir hoffen, dat fir jiddfereen eppes dobäi ass.
1. Sorties scientifiques
Krukerten um Lac du Der
Sonndes, den 9. November 2008
De Lac du Der – Chantecoq ass e kënschtlech gestaute Séi vun 4.800 ha an der Champagne humide (Champagne-Ardennes). Hei versammele sech all Hierscht a Fréijoer vill Zuchvullen op hirer Rees an/aus dem waarme Süden. De Lac du Der ass an Europa haaptsächlech bekannt als eng vun de gréisste Sammel- a Raschtplaze vun de Krukerten (Kranich, Grue cendrée). Spektakulär ass virun allem während dem Sonnenopgank a Sonnenënnergank wa bis zu 27.000 Krukerten beim Lac du Der afléie fir hei Rascht ze maachen. Ënnert der Leedung vun engem Guide vun der franséischer Vulleschutzliga « LPO » kréie mer all néideg Informatiounen a stinn dann och op de richtege Plaze fir méigléchst vill Krukerten ze gesinn.
  • Départ: 7.00 Auer um P&R HOUWALD mam Bus
  • Retour: géint 21.30 Auer um P&R
  • Präis: 40 €/ Persoun (+ Präis fir d’Mëttegiessen)
  • Mathuelen: Wiederugepasst waarm Kleeder, Spektiv, evt. Fotoapparat (mir kréien och Spektiven a Longuevu’en zur Verfügung gestalt) 
Programm:
 
10h00 : Accueil sur le site de Chantecoq, présentation du site et premières observations.
12h00: Déjeuner (restaurant à proximité)
13h00 : Reprise des observations en différents endroits du Pays du Der, avec passage à la Ferme aux grues (site d'agrainage de janvier à mars) avec possibilité de visionner un diaporama sur la Grue.
15h30 : Retour sur les digues du lac pour assister au coucher des grues
17h00 : Fin de l'animation
Et kënne maximal 25 Persoune matgoen.

Weider Infoe kritt Dir ënnert:
http://champagne-ardenne.lpo.fr/sommaireB.htm
http://champagne-ardenne.lpo.fr/grues/ferme_aux_grues.htm

Energie – Ass et méiglech onofhängeg vu fossilen
Energieträger ze sinn ? - Energie-Tour zu Beckerich
Freides, den 21. November 2008

Partie A: Visite vum Atert Lycée
Treffpunkt: Parkplatz virum Atert-Lycée zu Réiden
14.30: Visite vum Atert-Lycée-Redange ënnert dem Gesiichtspunkt vum Gesamtenergiekonzept.
 
Partie B: Funktionnéirend Beispiller
Treffpunkt: Beckericher Millen (www.dmillen.lu)
16.00: Virtrag iwert erneierbar Energien zu Beckerich
16.30: Besichtegung vun der Biogasheizung an der Millen souwéi enger Foto- Voltaïkanlag
17.00: Besichtigung vun der Biogasanlag Beckerich ënnert der Féirung vum H. Kieffer
18.00: Besichtegung vun der Beckericher Sportshall souwéi Informatiounen zur Bauweis vun engem Niddreg-Energiehaus
 
Partie C: Owesiessen am Restaurant „andermillen“ (www.andermillen.lu).
 
Fir datt mir d’Visite plange kënnen, mellt Iech wegl. bis den 30. Oktober iwwert This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it un, an deelt eis mat u wéi enge Partieën Dir wëllt deel huelen.
D’ABIOL iwwerhëllt d’Käschte vun de Visiten, fir d’Owesiesse ginn nach Menuë proposéiert. Fir datt net jiddereen eenzel mam Auto muss kommen, wäerte mir probéieren, Fahrgemeinschaften ënnert de Leit ze organiséieren.
2. Naturwëssenschaftlech Olympiad

1. Oplo 2007-2008
Déi éischt Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad, déi ënnert der Fiederféirung vun der ABIOL am Schouljoer 2007/2008 organiséiert gouf, war ee groussen Erfolleg.
Et hu 424 Schüler aus 19 Lycéeën un der Qualifikatioun deelgeholl. Déi siewe bescht Equipe vu jee dräi Schüler hu sech fir d’Finale qualifizéiert. An der Finale huet sech alles ëm den Thema Buedem gedréint: d’Schüler hu misse mat Versich aus de Beräicher Biologie, Chimie a Physik wëssenschaftlech Aussoën iwwert d’Zesummesetzung an d’Eegeschafte vun enger Buedemprouf maachen. Zudeem hu sie misse verschidde Buedeminsekte bestëmmen.
 
 
 
D’Präisiwwereechung war am Naturmusée ënnert der Présence vun der Madame Minister Mady Delvaux-Stehres. Déi beschte Resultater haten d’Equipë vum LTJBM an dem LHCE.
Dës sechs Schüler hun dun Lëtzebuerg däerfen op der European Union Science Olympiad (EUSO) op Zypern vertrieden. Zwee Membre vun der ABIOL (Annick Halsdorf a Jeff Kohnen) waren als Mentoren derbäi. Mat der 26ter an der 31ter Plaz ënnert 33 Equipen aus 18 Länner hunn eis Schüler sech ganz urdentlech geschloen. Mä virun allem hu sie während der Woch am Mee 2008 immens vill Erfahrungen, souwuel um wëssenschaftlechen wéi och um mënschleche Plang, gesammelt. D’Aufgabe fannt dir op www.abiol.lu.
Lëtzeburger Vertrieder bei der EUSO 2008 : v.l.n.r. : Michel Hild, Annick Halsdorf, Jeff Kohnen, Nicolas Hild, Claude Rob, Max Wagner, Tim Rehlinger, Noé Wolter, Helge Hellbach
2. Oplo 2008—2009
Fir déi 2ten Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad sinn d’Datumer schons fixéiert. Detailléiert Informatioune kritt all Schoul Ufank Oktober zougeschéckt. Mir hoffen op d’Ennerstëzung vun all den Enseignantën, fir datt d’Zuel vun de Participantën nach gesteigert ka ginn.
Wichteg Datummer:
Weider Informatiounen: Oktober 2008 an de Schoulen
Umeldunge bis den 11.11.2008 iwwert: www.abiol.lu.
Qualifikatioun an de verschiddenen Lycéeën: 20.11.2008
Finale am LMRL: 15.01.2008
EUSO 2009 zu Murica : 28.03.-05.04.2009
 
Abiol 2008