Communiqué de l’ABIOL, de l’ACHIL et de l’APHYL


 

 concernant la réforme de l’enseignement secondaire

 

Communiqué

Abiol-Info 1/2008
ABIOL-INFO 1/2008


Léiw Memberen
Op der Enveloppe fannt dir entweeder de Sigel C07 fir déi Leit déi hier Cotisatioun 2008 nach net bezuelt hunn, resp. C08 fir déi dat schon erleedegt hunn.

Rapport vun der AG den 28. Januar 2008

1. Begréissung AG 2008
Den President S. Kelsen konnt eng knapp 20 Memberen vun der ABIOL anlässlech der Assemblee Générale 2008 vun der ABIOL begréissen. No enger kuerzer Aféirung gouf vum Sekretair J. Pir en kuerzen Iwwerbleck iwwert d’ Aktivitéiten vun 2007 gemaach:


2. Aktivitéitsbericht 2007
No engem joërelaangen „Dornröschenschloof“ konnt d’ABIOL fir 2007 erem eng ganz Partie flott Aktivitéiten opweisen:
Radiosemissioun „Schoul am Liewen“ mam J.-P. Roden um Radio 100,7 iwwert den Wäert vum Biologieunterricht an der Schoul;
Entrevue mat der Mme Minister Mady Delvaux den 12.Juni 2007 iwwert Themen wéi d’Sciences naturelles am ES/EST, Stonnenzuel, CNP Biologie an CNP PS etc.; (eng Zesummefaassung war am Infoblad 1/2007)
Stellungsnahm an Deelhuelen um Hearing an der Chambre des Députés den 26. Juni 2007 iwwert d’Thema Juegd Et goufen 2 gemeinsam Bréifer mat den Naturschutzorganisatiounen verfasst iwwert „espèces chassables cf. Fuuss“ an „Fidderungsverbuet fir wëll Déieren“;
2 wëssenschaftlech Sortien goufen organiséiert:
Visite den 15. Juni 2007 mat 27 Participant’en vun der Kellerei Caves Sunnen-Hoffmann, dem eenzegen Bio-Wenzerbetrieb zu Lëtzebuerg;
Visite den 13. Oktober 2007 mat 23 Leit op Evry/Paräis d’Laboratoiren vum Généthon iwwrt den Stand vun der Fuerschung fir d’Heelung vun genetesch bedengten Krankheeten;
D’ABIOL war mam J. Kohnen maassgeblech un der Ausschaffung an Duerchféirung vun der 1. Naturwessenschaftsolymiad, zesummen mat der APHYL, ACHIL an dem MENFP bedeelegt;
2 Nummeren vum ABIOL-INFO koumen eraus, en „bulletin de liaison“ fir eis Memberen;
Schafung vum Internetsite vun der ABIOL duerch eisen Webmaster G. Zangerlé: www.abiol.lu;
Ausschaffen vun neie Statuten, an den Komitee huet sech eng Partie Kéieren getraff z.B. den 6.12.2006, 20.12.2006, 26.3.2007, 16.7.2007, 18.10.2007 an den 3.12.2007;

3. Stand vun der Keess
Den Caissier J. Kohnen mëscht den Bilan vun der Keess 2007. D’ABIOL huet den Amment 135 bezuelend Memberen:
Recetten 2.845,00.-
Dépenses 1.619,36.-
================
Bilan 2007 1.225,64.-

Den Solde op den 31.12.2006 war 4.096,73.- an mat dem Boni vun 1.225,64.- weist den Solde op den 31.12.2007 elo 5.322,37.-€.
Déi 2 Keessenreviseuren J. Salentiny an J.-M. Mangen bestätegen dem Caissier eng tadellos Kontenféirung, an d’AG entlaascht den Caissier domatt fir den Exercice 2007.

4. Neiwiel vum Komitee
Et wier flott wann nach e puer nei Léit mat flotten Ideen an den Komitee géingen kommen. Leider huet sech keen neien Kandidat fir den Komitee gemellt. D’AG huet d’Memberen vum alen Komitee per Akklamatioun fir dat neit Joer bestätegt. D’Chargen vun neie Komitee sin onverännert bliwwen.

5. Nei Statuten
No e puer mei klengen Äennerungen goufen die nei Statuten vun der aberuffener „AG extraordinaire“ eestemmeg ugeholl. Den S. Kelsen léisst die nei Statuten nach vun engem Jurist nokukken an dann sollen se am Memorial publizéiert ginn.

6. Positiounspabeier ABIOL
Et gouf der AG en Positiounspabeier samt enger Partie Resolutiounen virgeluecht an diskutéiert. Dess Stellungsnam soll d’ABIOL no baussen kloër positionnéieren an un d’Press zu Letzebuerg gescheckt ginn. D’Positiounspabeier ass och um Site www.abiol.lu ze liesen.

7. 1. Naturwessenschaftsolympiad EUSO
Den J. Kohnen huet e kuerzen Film iwwert d’Finale vun der EUSO 2007 zu Potsdam (D) gewisen. Déi éischt Lëtzebuerger Naturwessenschaftolympiad huet en groussen Succès kannt. Et hunn 424 Schüler aus 19 Gebéier dorunn deelgeholl. Mat zum Deel ganz gudden Resultater hunn sech déi éischt 7 Equippen à 3 Leit fir d’Finale den 19. März 2008 am LMRL qualifizéiert. Hei ginn dann praktesch Aufgaben aus den Beräicher Biologie, Physik an Chimie gestallt, an déi 2 bescht Equippen fuëren am Mee 2008 op d’EUSO Finale op Zypern d’Faarwen vun Lëtzebuerg vertrieden.

8. Programm 2008
Eng wieder Sortie vun der ABIOL ass den 23. Februar 2008 op d’DIDACTA op Düsseldorf geplangt. Weider Aktivitéiten sin an der Planung, an wärten mat Zäiten un eis Memberen virungescheckt ginn.

9. Éierung vum Norbert STOMP als Éierenpräsident

Et sinn vill Leit déi Pionéierarbecht fir d’ABIOL, fir d’Biologie am Allgemengen, fir d’Aféirung vun der Emwelterzéiung an eisen Schoulen asw. geleescht hun. An engem klengen Historique huet de Präsident e puër vun de wichtegen Etappen vun der ABIOL zënter 1976 Revue passéiert. Dem aktuelle Komitee vun der ABIOL war et en Uleies den Emeritus vun der Biologie den Norbert Stomp mat enger Éierenpräsidentschaft ze honoréieren. Den S. Kelsen huet en Reckblëck op den Engagement vum N. Stomp gemach an et kann en secher soen, dat ouni hien d’Biologie an den Schutz vun der Ëmwelt net do géifen stoën wou se haut stinn. Den Komitee huet dem neien Éierenpräsident en klengt biologescht Geschenk iwwerreecht an him häerzlech gratuléiert.

10. Divers
Et gou gemengt et wier wichtech, dat d’ABIOL sech och méi em d’Biologen an der Fuerschung an den Verwaltungen (CRP, MNHN, MINEV) këmmeren sollt. Et sollen an Zukunft méi Aktivitéiten an déi Richtung geplangt gin....
Eng aner flott Idee wor Aktivitéiten vun der ABIOL fir den „Grand Public“ unzebidden, z.B. Mikroskopiecouren, Virféirungen, Konferenzen...
Et sollen och gezielt nach nei Memberen ugesprach gin .... Memberen déi net bezuelt hun sollen en Bréif als ‚last reminder’ kréien...
Eng Idee wor, dat den Komitee déi nei Stagiairen aus dem Stage op en Iessen invitéiert, fir se engerseits als Member ze gewannen awer och si fir d’Biologie ze engagéieren.

D’AG ass mat engem Patt gestëft vun ABIOL géint 22.00 Auer op en Enn gaangen.
J. Pir
Sekretär vun der ABIOL

Sortie scientifique

Visite vun der didacta zu Stuttgart
Samschtes, den 23. Februar 2008

didacta – die Bildungsmesse – findet vom 19. bis 23. Februar 2008 in Stuttgart statt. Die größte internationale Veranstaltung ihrer Art und führende europäische Bildungsmesse findet zum sechsten Mal in der baden-württembergischen Landeshauptstadt statt. Ganz neu ist dabei das Gelände – die rund 800 Aussteller präsentieren sich erstmals in den Hallen der Neuen Messe Stuttgart. Europas modernstes Messegelände und seine optimale Infrastruktur wird auch die Fachbesucher beeindrucken. Die internationalen Aussteller, die von den Trägern und der Messe Stuttgart erwarten werden, stellen Trends sowie aktuelle Produkte und Dienstleistungen rund um das Thema Lehren und Lernen vor.
Mehr Informationen unter www.didacta-stuttgart.de

Programm:

7.00 Auer: Départ mam Bus um P+R Howald
11.00-17.00 Auer: Visite vun der didacta zu Stuttgart
17.30: Départ zu Stuttgart
19.30 Auer: Iessen zu Kaiserslautern am Restaurant „Uwe’s Tomate“
23.00 Auer: Arrivée P+R Howald

Fir 12 Auer ass beim Klett-Verlag eng speziell Präsentatioun vun Materialien fir d’Naturwessenschaften (Prisma) virgesin.
Eng Propose fir een Menu am excellenten Restaurant „Uwe’s Tomate“ zu Kaiserslautern gëtt nogereecht.

Preis:
40€ fir den Transport an den Entreesticket fir Membren
50€ fir den Transport an den Entreesticket fir Net-Membren

Umellen:

Entweeder per mail un This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it oder durch Iwwerweisen vum Praïs op den Konto LU87 1111 0446 6242 0000 vun der ABIOL, an zwar w.e.g. bis den 16. Februar 2008.
 
Abiol 2008