De Comité ass frou iech am Kader vun de Feierlechkeeten zum 40e Anniversaire vun der ABIOL  eng Konferenz mat engem international extrem renomméierte Fuerscher presentéieren ze kënnen.

Den 11. Mee um 19h30 ass d’Konferenz vum Prof. Hiroaki Kitano, President vum Systems Biology Institute zu Tokio an CEO vun Sony Computer Science Laboratories, mam Thema: Nobel Turing Challenge - The Day Artificial Intelligence wins the Nobel Prize and the Future of Civilization.


De Virtrag ass an der Maison du Savoir, Salle 3.500, um Campus Belval vun der Uni Lëtzebuerg. D’ABIOL seet dem LCSB an der Banque de Luxembourg Merci fir hier grouss Ënnerstëtzung, ouni si wär et net méiglech gewiescht sou e renomméierte Fuerscher op Lëtzebuerg ze kréien.
Nom Virtrag invitéiert d’ABIOL op e Patt an der Maison du Savoir.

De Virtrag wäert och erëm vum IFEN als Formation Continue unerkannt ginn an Enseignanten kënnen sech ennert folgendem Link aschreiwen:

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=154460