Mir si ganz frou den zweeten Virtrag am Kader vum 40e Anniversaire vun der ABIOL annoncéieren ze kënnen:

23.01.2017: Prof. Sir John Burn „Genomic Medicine“ um 19h30 am Sall 3.530 vun der Maison du savoir zu Esch-Belval

De Virtrag vum Prof. John Burn wärt probéieren den Terme vu Genomic Medecine méi genau ze erklären a konkret Beispiller opzeweise wou d’Fuerschung an dësem Beräich haut scho konkret Uwendungen an der Medezin fënnt. Gläichzäiteg wäert de Prof. John Burn op Hindernisser a Problemer (data management, variant classification) hiweisen.

De Prf. John Burn ass net nëmmen en excellente Fuerscher mä och e brillante Riedner den eng Portioun engleschen Humor mat a seng Virträg abaut. Hei kennt dir iech eng Idde vum Prof. Sir John Burn maachen.

Fir d’Enseignanten: Dir kënnt iech dëse Virtrag als Formation continue urechne loosen, dofir héi w.e.g aschreiwen:

(Code D2-b-34) "Genomic Medecine"
Formateur/-trice Sir John Burn, professor of Clinical Genetics, Newcastle University
Lien Internet http://www.formation-continue.lu/descriptionformation?idFormation=87322